top of page

Wat ass iwwerhaapt "Déierenenergetik"?

D'Déierenenergetik befaast sech mat dem Energiesystem vun den Déieren.

Mat der Energieaarbecht kann een präventiv schaffen an den Kierper virun verschidden Krankheeten schützen oder den Kierper op physeschem an psychechem Niveau an bei Verletzungen ennerstëtzen.

Bei der Energieaarbecht ginn déi eegen Heelungskräft vun den Déieren ugereegt.

Eng energetësch Sëtzung besteet aus folgenden Methoden:

- Meridianbalance : Meridiane sinn Bunnen am Kierper duerch déi d'Liewensenergie fléisst. An der Meridianbalance geet et dorëms dësen Floss erëm ze aktivéieren an den Kierper virun Krankheeten an Disbalancen ze schützen. 

- Kinesiologie : Mat der Hëllef vun der Kinesiologie an dem Muskelbiofeedback ass et mir méiglech verschidden Blockaden am Kierper vun ärem Déier erauszefannen an déi mat verschiddenen Techniken kënnen ze léisen. 

- Réckebalance : Bei der Réckebalance geet et och dorëms Blockaden am Beräich vun der Wirbelsail ze léisen. Dës Blockaden ginn mat Hëllef vun Deenungen, Oplockerungen an mat energeteschen Techniken geléist.

-Faarfbalance : Bei der Faarfbalance gëtt getest wéi een Muskel/Organ/Meridian... mat wéi enger Faarf bestraalt soll ginn. All Faarf huet eng aner Schwéngung an hëlleft dem jeeweilegen Kierperdeel erëm an d'Gläichgewiicht ze kommen.

-Chakrenbehandlung: D'Déieren hunn wéi den Mënsch 7 Energiezentren (och Chakren genannt). Wann dës Chakren belaascht sinn, kann et zu verschidden Problematiken/Krankheeten vun den Déieren kommen. Mat Hëllef vun verschidden Methoden suergen ech dofir dass och do d'Energie erëm aktivéiert gëtt.  

Bei weideren Froen stinn ech Iech gären zu Verfügung !

Dir kënnt mech ëmmer iwwert Mail oder iwwert WhatsApp erreechen! 

bottom of page